Lass uns gehen [Luxembourgish translation]
Lass uns gehen [Luxembourgish translation]
Hallo, hallo
Bass du och sou gelangweilt
Genervt a gestresst vun der Enkt vun der Stad?
Bass du net och scho säit méi Laangem midd
Vun de Stroossen, de Mënschen, de Massen?
Hues du dees net sat?
Ech kann nëmmi ootmen
Gesi kaum nach den Himmel
D'Héichhaiser hu meng Séil verbaut
Sinn ëmmer erreechbar an erreeche dach guer näischt
Ech halen et hei nëmmi aus
Looss eis hei raus
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Hält de Reen op Stroossen ze fëllen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Héieren d'Mënschen op Froen ze stellen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
D'Stad frësst d'Rou
Mat flackernden Liichter
Schléckt Deeg a Nuechten a sech ran
Gehetzt Gesiter an der drängelnder Mass
Jiddereen muss iwwerall séier sinn
Tëscht de Zeilen hunn ech gelies
Datt mir béid eweg vun hei wëllen
Mir stiechen hei fest
Verschëdd am Reen
A dreemen vum Summer a Schweden
Looss eis hei raus
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Hält de Reen op Stroossen ze fëllen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Héieren d'Mënschen op Froen ze stellen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
Ooooooh...
Looss eis hei raus
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Hält de Reen op Stroossen ze fëllen
Kënne mir endlech mol rëm
Entscheedunge treffen
Looss eis hei raus
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Hält de Reen op Stroossen ze fëllen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
Hanner Hamburg, Berlin oder Kölle
Héieren d'Mënschen op Froen ze stellen
Héiere mir endlech mol rëm
D'Mier a d'Wellen
Looss eis goen, looss eis goen, looss eis goen
- Artist:Revolverheld
- Album:Immer in Bewegung